| has gloss | ltz: Den Algiedi Secunda (och Al Giedi, Algedi, arab: „dGeess“ oder och „dKand“) ass de Numm vum Stär α Capricorni (Alpha Capricorni). Den Algiedi Secunda ass schonns mat bloussem A ze trennen Duebelstär (Wénkelofstand 6,4') ähnlech wéi beim Mizar a beim Alcor. Allerdéngs sinn déi zwou Komponente vun Algiedi Secunda verschidde wäit ewech, et läit also en opteschen Duebelstär vir. De westleche vun deenen zwéi Stären ass de +4,2 mag. hellen Alpha1 Capricorni. Hie gehéiert zum Spektraltyp G3 Ib an läit 1500 Liichtjoer vun der Äerd ewech. Den ëstleche vun deenen zwéi Stären ass de +3,6 m hellen Alpha2 Capricorni vum Spektraltyp G9 III, hien ass nëmmen 120 Liichtjoer vun eis wech. |